Welcome
Popular
- MadCrow - "Sweet Illusion"
- Golden Duck Awards 2010 Promo Clip
- Date-Lech - Virschau
- Rude Revelation - "Evening prayer"
- Velvet Minx - "Ghost"
- Self-Defense Walferdange
- Jerry Logan - Streetmagic
- Fernand Delosch - "Der Weg zu Dir"
- RED ONE Kamera Test
- Spot - Mouvement écologique 1
- Ricardo Vieira - "She do"
- Spot - Mouvement écologique 2
Main Menu
| Home |
| Ricardo Vieira - "She do" | | Print | |
CD lo erhältlech an ärem CD Buttik!Trailer vum Musik video (27 Sekonnen):
Musikvideo: Ricardo Vieira - "She do" (4 Minutten 15 Sekonnen):
S She do ass e Lidd vum Ricardo Vieira. Geschriwwen gouf d'Lidd vum Mike Bell vun Straight Records. De Clip gouf iwwer 2 1/2 Deech an engem Haus zu Nidderanven, am Flughafen Lux-airport an an enger Déifgarage mat der Canon 5D Mark II Kamera gedréiht.
De Konzept dee vum Mike Bell a Michel Tereba ausgeschaft gouf mat Hëllef vum Paulo Lobo huet erfuerdert dass eng tragesch Liebesgeschicht erzielt gëtt an der de Ricardo vu sénger Frëndin bedrunn gëtt mat engem gudde Kolleeg. D'Roll vum Ricardo, dem Sänger sollt tragi-komesch riwwer kommen. Den Amant vum Ricardo senger Frëndin sollt gleichzeiteg dem Ricardro sei beschte Kolleeg sinn. Domat war de Casting op. De Nilton Martins huet perfekt an d'Roll vum fiesen Lover gepasst an d'Noémie Leer huet genau den Toun getraff fir tescht récksichtsvoller Frëndin vum Ricardo a kaalbliddeger ontreier Louder hin an hier ze schwenken. Den 1. Dréihdaach goufen alleguer d'Flashback an Gesang Szenen an engem eidel stoenden Haus gedréiht. Den 2. Dréihdaach gouf um neie Findel, dem Lux-Airport gedréiht. Do goufen d'Danz-sequenzen opgeholl an die Szenen an denen de Ricardo mierkt wat gespillt gëtt. Dee leschten Daach gouf d'Szen an der d'Dänzerin Elisa hannert dem Ricardo danzt, plus d'Autoszenen gedréiht. Heifir ass eng Déifgarage benotzt gin an der mir den Hannergrond iwwerbeliicht hunn an mat engem 50mm Objektiv d'Elisa flou danze gelooss hunn.
Cast: Sänger: Ricardo Vieira Frëndin: Noémie Leer Amant vun der Frëndin: Nilton Martins Jessica Totaro Kate Vieira ..... Elisa Militello, Mégan Dropsy & Anne-Lise Gendebien Réalisatioun a Montage: Michel Tereba DoP: Lex Kleren (from Pulsa Pictures) , Serge Benassutti Fotograph: Paulo Lobo Make-up: Jessica Totaro Speziell Merci'en: Anna-Sugila Kvaran Robert Schommer vu SimbaPro
Making of (4 Minutten 40 Sekonnen):
|






