The second installment of the podium.lu video portal is for Luxembourgish film makers who want to promote their work. Our aim is to show films and trailers in high quality and to provide background information on production and crew.
DDate-Lech ass e Lëtzebuergescht Kaméidistéck dat vu Pyrrhus Movie productions a Pulsa Pictures produzéiert gouf. No engem Scénario vum Steve Flammang gouf de Film vum Mike Tereba a Georges Waringo realiséiert.
De Film ass aus Initiativ vum Sacha Bachim vu Feierblumm entstanen, dee gemengt huet dass Pyrrhus a Pulsa sollten zesummen e Film maachen. No enger intensiver Brainstorming Sessioun stoung schnell fest dass de Film sech misst em d'Bezéiung tëscht Männlein a Weiblein dréien. De Sprong ob de Speed- Dating war just eng Fro vun Zäit. Wou d'Idee bis stoung war e Scénarist gefrot, dee koum an der Persoun vum Steve Flammang. Hien huet dem Film seng Form ginn a verschidde Personnagen erfonnt die schon beim Liese vum Scénario zum Kreesch doen (vu Freed) waren. No engem erfollegräiche Casting am Ciné Belval stoungen d'Schauspiller fest an d'Eegenheet vun all Schauspiller huet eis nach weider Iddie gi fir verschidde Rollen auszebauen.
D'Prouwen hunn dem Scénario nach e leschte Feinschlëf ginn an domat konnt et lassgoe mam Dréi am Hotel Belle-Vue zu Vianden. Den Dréi huet 2 (laang) Deeg gedauert. Zwee Deeg während dene mir den Hotel ganz fir eis haten.
D'Première vum Film huet op der Indie Horror Picture Show am Ciné Belval stattfond an den Uklang deen de Film fonnt huet war phänomenal. Um Enn vum Owend stoung fest dass e géing an de Virprogramm vun ausgewieltene Filmer vum regulären Kinos-programm kommen.
Am Juli 2009 huet de Film de Publikumspreis um Clipstar Filmfestival gewonnen. Dësweidere krut en den 2. Präis an der Kategorie "Kuerzfilm".
De Film huet eng Dauer vu 17 Minutten wouvun mir hei die éischt 3 Minutten weisen. De Film gëtt ab dem 31. Juli 2009 an de Kino'en vum Caramba Circuit am Viirprogramm vu folgende Filmer gewisen: Brüno, The Proposal, The Brothers Bloom, Die Räuberinnen an nach weider Filmer die réischt rauskommen...
Rehearsal location Hall sportif - Ecole Boudersberg Dudelange
Following firms and associations supported our project
Caramba Cinémas S.A. DT Dudelange Feierblumm productions Filmreakter Lycée Technique Nic Biver Scarpa Mia - Maison de chaussures (Bonnevoie)
Special thanks
Sacha Bachim David Burns Adolph El-Assal Carlos Ferreira Nadine Haoues Melina Huberty Susanna Ianni Luc Koehler Noémie Leer Frank Leonardy Raymond Massard Bernard Michaux Pol Petry Philippe Raïssis Kim Tereba Annick Thil Astrid Torba Jean-Paul Tousch Serge Welter Dan Winkowski
Frank Leonardy Noémie Leer Alaudin Osmanovic Nilton Martins Melina Huberty Carlos Ferreira Pascal Durante ROK Nora Watgen Jessica Rodriguez Luc Spada Marc Gérard Maité Guettai Emma Waldron