The second installment of the podium.lu video portal is for Luxembourgish film makers who want to promote their work. Our aim is to show films and trailers in high quality and to provide background information on production and crew.
Dem Jerry Logan sei neiste Promotiouns-clip gouf vum Mike Tereba iwwer Pyrrhus Movie productions realiséiert. Gedréiht gouf mat enger Equip vu 2 Leit während engem Daach an der Stat Lëtzebuerg mat Leit vun der Strooss.
DDate-Lech ass e Lëtzebuergescht Kaméidistéck dat vu Pyrrhus Movie productions a Pulsa Pictures produzéiert gouf. No engem Scénario vum Steve Flammang gouf de Film vum Mike Tereba a Georges Waringo realiséiert.
De Film ass aus Initiativ vum Sacha Bachim vu Feierblumm entstanen, dee gemengt huet dass Pyrrhus a Pulsa sollten zesummen e Film maachen. No enger intensiver Brainstorming Sessioun stoung schnell fest dass de Film sech misst em d'Bezéiung tëscht Männlein a Weiblein dréien. De Sprong ob de Speed- Dating war just eng Fro vun Zäit. Wou d'Idee bis stoung war e Scénarist gefrot, dee koum an der Persoun vum Steve Flammang. Hien huet dem Film seng Form ginn a verschidde Personnagen erfonnt die schon beim Liese vum Scénario zum Kreesch doen (vu Freed) waren. No engem erfollegräiche Casting am Ciné Belval stoungen d'Schauspiller fest an d'Eegenheet vun all Schauspiller huet eis nach weider Iddie gi fir verschidde Rollen auszebauen.
D'Prouwen hunn dem Scénario nach e leschte Feinschlëf ginn an domat konnt et lassgoe mam Dréi am Hotel Belle-Vue zu Vianden. Den Dréi huet 2 (laang) Deeg gedauert. Zwee Deeg während dene mir den Hotel ganz fir eis haten.
D'Première vum Film huet op der Indie Horror Picture Show am Ciné Belval stattfond an den Uklang deen de Film fonnt huet war phänomenal. Um Enn vum Owend stoung fest dass e géing an de Virprogramm vun ausgewieltene Filmer vum regulären Kinos-programm kommen.
Am Juli 2009 huet de Film de Publikumspreis um Clipstar Filmfestival gewonnen. Dësweidere krut en den 2. Präis an der Kategorie "Kuerzfilm".
De Film huet eng Dauer vu 17 Minutten wouvun mir hei die éischt 3 Minutten weisen. De Film gëtt ab dem 31. Juli 2009 an de Kino'en vum Caramba Circuit am Viirprogramm vu folgende Filmer gewisen: Brüno, The Proposal, The Brothers Bloom, Die Räuberinnen an nach weider Filmer die réischt rauskommen...
Rehearsal location Hall sportif - Ecole Boudersberg Dudelange
Following firms and associations supported our project
Caramba Cinémas S.A. DT Dudelange Feierblumm productions Filmreakter Lycée Technique Nic Biver Scarpa Mia - Maison de chaussures (Bonnevoie)
Special thanks
Sacha Bachim David Burns Adolph El-Assal Carlos Ferreira Nadine Haoues Melina Huberty Susanna Ianni Luc Koehler Noémie Leer Frank Leonardy Raymond Massard Bernard Michaux Pol Petry Philippe Raïssis Kim Tereba Annick Thil Astrid Torba Jean-Paul Tousch Serge Welter Dan Winkowski
Frank Leonardy Noémie Leer Alaudin Osmanovic Nilton Martins Melina Huberty Carlos Ferreira Pascal Durante ROK Nora Watgen Jessica Rodriguez Luc Spada Marc Gérard Maité Guettai Emma Waldron
RRude Revelation präsentéiert hiere neiste Video fir hiert Lidd "Evening prayer". De Konzept vum Video gouf vum Mike Tereba zesummen mam Noémie Leer ausgeschafft. De Clip gouf vum Mike Tereba iwwer Pyrrhus Movie productions realiséiert.
Gedréiht gouf op der Terre Rouge, an der Basilika vun Avioth, am Byblos Club an der Staat Lëtzebuerg an zu Vianden an engem Schapp.
Golden Ducks 2010 - Promo Clip (3 Minutten 9 Sekonnen):
GGolden Duck Awards ass de lëtzebuerger alternativen Design a Kommunikatiouns Preis. Op desem Evenement ginn die (onfreiwëlleg) komeschst a quechsten Reklammen, déi iwwer d'Joer hei am Land publizéiert goufen, priméiert. De Video ass geduecht als Parodie op de berühmte Musikvideo dee fir dem David Bowie sei "Space oddity" Lidd gedréiht gouf.
Fir dese Video goufen alleguerten d'Opnahmen virun engem "Green Screen" gemacht. Et goufen zwou 1K Luuchten fir d'Spëtzt (Kicker) agesat an zwou 650K Luuchten mat Softbox als Fill. Opgeholl gouf mat enger Panasonic HVX200 Kamera.
Text vum Lidd (Lyrics):
(De Musik Video enthält eng gekiirzten Faassung vum Lidd, fir dat ganzt Lidd ze lauschteren kuckt iëch de Making of ënnen op der Seit un)
Quack control to major Duck Quack control to major Duck Take your algae pills and put your helmet on (Ten) Quack control (Nine) to major Duck (Eight) (Seven, six) Commencing countdown (Five), engines on (Four) (Three, two) Check ignition (One) and may Frogs (Blastoff) love be with you
This is quack control to major Duck, you've really made the grade And the papers want to know whose feathers you wear Now it's time to leave the capsule if you dare
This is major Duck to quack control, I'm stepping through the door
And I'm floating in a most peculiar way And the stars look very different today Here am I floatin' 'round my tin can far above the world Planet Quack is blue and there's nothing I can do
Though I'm past one hundred thousand miles, I'm feeling very still And I think my spaceship knows which way to go
Tell the Frog I love him very much, he knows
Quack control to major Duck, your circuits dead, there's something wrong Can you hear me, major Duck? Can you hear me, major Duck? Can you hear me, major Duck? Can you... Here am I sitting in my tin can far above the Moon Planet Quack is blue and there's nothing I can do
MMinx productions zesumme mat Universound productions stellen de neiste Video fir d'Lidd "Ghost" vu Velvet Minx vir. De Konzept vum Video foug vum Tascha als Managerin vum Grupp Velvet Minx virgeschloen an zesummen mam Mike Tereba ausgeschafft. De Video gouf vum Mike Tereba iwwer Pyrrhus Movie productions realiséiert. Gedréiht gouf mat enger Equipe vu 5-6 Leit an der Stat Lëtzebuerg, zu Roth an der Our an Däitschland an am Chat Noir zu Tréier. Fir speziell ënner Waasser Sequenzen gouf d'Betebuerger Schwemm zur Verfügung gestallt. Dofir gouf am Bassin e "Green Screen" opgestallt an d'Sequenzen mat enger speziell preparéierter Kamera ënner Waasser opgeholl.