The second installment of the podium.lu video portal is for Luxembourgish film makers who want to promote their work. Our aim is to show films and trailers in high quality and to provide background information on production and crew.
MIRSI MEDIA is a Luxembourgish collective of experts in various media. We offer everything from website design to professional photography over film and print jobs.
Login
Featured Podium-Videos
Elsy Jacobs - Grouss-Herzogin vum Velosport
Trailer:
G Groussherzogin vum Velosport, sou gouf d'Elsy Jacbos, gebuer 1933 zu Garnech, genannt. Hatt huet ganz fréih séng Léift zum Velosport entdeckt. 17 Mol huet hatt den nationalen Titel op der Strooss geholl. Op der aller éischter internationaler Stroosseweltmeeschterschaft huet hatt 1958 den Titel geholl an dat selwescht Joer e Stonneweltrekord opgesat deen 14 Joer gehalen huet!
Matt séngem ganz eejene Charakter huet hatt de Sport dominéiert a sech an engem Sport duerchgesaat deen an de 60er Joeren virun allem vun de Männer viibehale war.
Desen Documentaire retraçéiert déi wichteg Evenementer am Elsy séngem Liëweb un Hand vun Zeitzeihen déi hatt e gudden Deel vu séngem Wee begeleed hunn.
Pyrrhus ass am Juni 2011 vum Georges Fohl vun der Gemèng Garnech approchéiert ginn fir dese Projet ze réaliséieren. D'Iddi war et fir dem Elsy, wat zu Garnech gebuer war an e guddden Deel vu sénger Jugend do verbruecht huet, e Memorian a Form vun engem Documentaire vu 10-15 Minutten ze setzen.
Matt Hëllef vum Roland Beck, an der Gemèng Garnech sinn d'Recherche ugangen. Leider ass d'Elsy 1998 verscheed, sou dass mir no Zeitzeihen hu misse sichen fir séng Geschicht sou komplett, wi dat a (schlussendlech) 23 Minuten nu Mol méiglech ass, ze retraçéieren. De Roland Beck an de Gast Zangerlé vun der Revue haaten e Buch iwwer d'Elsy geschriwwen un Hand vun dem de Konzept vum Documentaire zesummegestallt gouf.
Et war eng immens Chance dass mir souguer nach eng Velosfuererin fonnt hunn dat die berühmte Course vun 1958, bei der d'Elsy Weltmeeschterin ginn ass, matgefuer war: D'Victoire Van Nuffel. Mam Renée Ganneau an dem Jeannette Augusto haate mir zwou Persounen déi d'Elsy op engem perséinlechen Niveau wéi keng aner Persoun erliëwt hunn.
Mir hunn eis entscheed fir d'Ambiance vun der Course vun 1958 zu Reims op eng styliséiert Art a Weis nozestellen. Dobei haate mir déi frëndlech Ënnerstëtzung vum Edmond Friess deen eis, aus sénger grousser Kollektioun, Veloen aus de 60er Joeren (déi hien fir d'Occasioun nees tip top a Schoss bruecht huet) zur Verfügung gestallt huet. Och d'original Tricots'en an Accessoiren aus der Zeit stamen vun him.
Matt Hëllef vu 7 motivéierten Jofferen hu mir d'Course op dem, wuel eenzegen sonnegen, Daag am Abrël 2012 an d'Këscht kruut.